Case "Made in Luxembourg"

Jiddereen huet se ... awer keen huet seng eegen personaliséiert Handy-Case fir den Handy richteg an originell ze schützen.

Abee lo ass dat eriwwer, well Eldoradio bitt Iech dee Service un wou Dir ganz einfach e Case maache kënnt fir Ären Handy, e Case dee keen aneren huet.

Ob dat elo eng Foto vum Frënd oder vun der Frëndin ass, vum Kand oder vun der Famill, vum Mupp oder soss iergend e coolt Bild, alles passt drop an dat och nach mat dem Text deen Dir wëllt

Wéi soll dat da goen?

Mat dësem neie Service sicht Dir Iech eraus wat fir e Modell vun Handy Dir hutt, setzt, wann Dir et wëllt och nach eng Schrëft drop, also e coole Sproch z.B. a schonns ass Äre Case fir den Handy fäerdeg... ouni grouss grafesch oder informatesch Kenntnisser ze hunn.

An d’Bezuelen ass och ganz sécher, et gëtt iwwert en ofgesécherte System direkt vun Ärer Kreditkaart ofgebucht oder wann Dir e Compte bei PayPal huet eben doriwwer.